Wëllkomm bei der Gruppen-Praxis vun DDr. Peter Voitl an Associé

Kannerdokter an der Donau City

Dësen Kannerdokter-Cabinet, deen am 22. Bezirk vu Wien läit, konzentréiert sech dorobber eng kannerfrëndlech an angschtfräi Atmosphär ze kreéiren. Mir bidden Kanner and jonke Leit klinesch Tester mat moderner medizinescher Technologie, wéi Ultraschall, Echokardiographie, EEG, EKG an Bluttanalysen un.

Eent vun eisen Zieler ass et; emmer gudd accessibel an disponibel ze sin.

Eis Gruppen-Praxis ass d’ganzt Joer iwwer op, och um Weekend an an den Vakanzen. Fiir Urgencen and dréngend Fäll ass et och méiglech kuerzfristeg e Rendez-vous auszemaachen. Mir hun en handicapéierten-frëndlechen Zougang an gratis Parking.

Eis Geschäftszäiten sin:

Méindeg
 9:00 bis 12:30
13:10 bis 19:00
Dënschdeg
 9:00 bis 12:30
13:10 bis 19:00
Dënschdeg
 9:00 bis 12:30
13:10 bis 19:00
Donneschdeg
 9:00 bis 12:30
13:10 bis 20:00
Freideg
 9:00 bis 12:30
13:10 bis 17:00
Samschdeg
 9:00 bis 13:00

Telefonesch Rendez-Vous ze consultéiren noutwenneg!

Kannerdokter Noutdéngscht

Samschdeg
13:00 bis 16:00
Sonndeg
 9:00 bis 16:00

Ouni vireg Umeldung méigelech!


Consultatiounen kennen zu folgenden Zäiten ausgemaach gi

Méindeg
bis Freideg
 9:00 bis 12:30
13:00 bis 17:00
Samschdeg
 9:00 bis 12:00

Wann ech gelift, hannerloost ären Numm an eng Telefonsnummer ënnert der mir Iech esou séier ewéi méiglech zeréck rufen kënnen.

Ausserhalb vun eisen Geschäftszäiten ass et méiglech eis per Email an Online-Rendez-Vous ze consultéiren.

Mir bidden eisen Service als Team vun Kannerdokteren an Form vun enger Gruppenpraxis un. Natierlech kënnt Dir Iech aussichen, weieen Doktor ierch ennersichen soll, mir bieden Iech nëmmen, äis des Informatioun bei ärer Umeldung unzegin. Trotzdem kann et virkommen, daat et zäitlech Problemer gëtt an Dir vun engem aaneren Dokter auscultéiert gitt. Wann dat de Fall sollt sind, bieden mir Iech em Verständnis.

Versécherungs-Informatioun

All social health insurance

Mir hun mat allen Sozialversécherungen Kontrakter. Mat ärer e-card oder ärer “carte sécurité sociale” kennt dir äis Servicer notzen ouni zousätzlech Käschten.

Net all Service get vun der Versécherung bezuelt. Impfungen an medezinesch Certifikater sinn net mattabegraff. Och daat eent oder daat aanert Medikament (z.B. Tuscalman Supp.) kann net vun der Krankekees iwwerholl gin oder mussen extra geneemegt gin.

Alternativ kennt Dir eis Servicer och privat oder mat enger Zousatzversecherung notzen.

Privat Patienten oder Patienten mat Zousatzversécherung

Mir kennen Iech och eng Rechnung ausstellen, dei Dir dann ärer privater Zousatzversécherung iwwermettelt, dei Iech dann är Käschten rembourséiert. Daat as net neideg bei der GKK. Des Patienten ennerleien net den Limitatiounen vun den Sozialversécherungen.

Kannerdokter DDr. Peter Voitl an säin Team

Der Inhalt dieser Seite wurde am 4. Februar 2014 erstellt.